âWie soll sech Hir net schenkenâŠâ
DâWei u Maria â kierchlech, theologesch, existenziell69
Georges Hellinghausen70
Aleedung
âWie soll sech Hir net schenken, am LĂ«tzebuerger Land?â Esou heescht et am Lidd âO Mamm, lĂ©if Mamm do uewenâ â mer kennen et all auswenneg. DorĂ«ms geet et bei der Wei u Maria: sech Hir schenken. MĂ€ wat bedeit âsech Hir schenkenâ, theologesch gesinn, kierchlech mat BlĂ©ck op eis LĂ«tzebuerger Kierch, an och existenziell op den eenzelne ChrĂ«scht bezunn? Domat wĂ«lle mer Ă€is elo beschĂ€ftegen.
OphĂ€nkert ass den 350. JubilĂ© vun der Stadwei un eis PatrĂ©inesch den 10. Oktober 1666. Meng AusfĂ©ierunge gi wuel iwwer de renge LĂ«tzebuerger Kader eraus, an ech schwĂ€tze mĂ©i allgemeng vu Mariewei a Marienerwielung. Op et dobĂ€i mĂ©i dat eent oder mĂ©i dat anert ass â Erwielung oder Wei (Ă©lection ou consĂ©cration) â, op dĂ©i Diskussioun gi mer net an. Si war en Thema beim JubilĂ€um 1978, an theologesch gebillte KĂ€pp hunn deemols fir de BegrĂ«ff âErwielungâ a manner fir âMarieweiâ plĂ€dĂ©iert.
Wat seet dâErwielungsformel vu 1666, dĂ©i hei an der Kierch viru genee 350 Joer fir dâĂ©ischte KĂ©ier erklongen ass, virum Bild vun der Consolatrix afflictorum, dat duerfir extra aus der Glaciskapell erofbruecht an hei am Chouer op enger StĂšle opgestallt gi war? Hei de Wuertlaut:
Heilige Maria, Mutter Gottes
und Trösterin der BetrĂŒbten,
wir, Gouverneur, PrÀsident, Rat,
Richter und Schöffen,
samt allen BĂŒrgern und Einwohnern
dieser Stadt Luxemburg,
erwÀhlen dich am heutigen Tag
in unserem und unserer Nachkommen Namen
zu unserer Gebieterin und Schutzfrau
und nehmen uns fest vor,
diese Huldigung,
wodurch wir uns selbst aufopfern,
in Zukunft alle Jahre
in Deiner Kapelle zu erneuern.
Darum bitten wir dich auf das demĂŒtigste,
Du wollest uns unter Deinen Schutz und Schirm nehmen
und uns beistehen
zur Zeit des Krieges, der Pest
und in all unsern Nöten und WiderwÀrtigkeiten. Amen.
WĂ©i ass den Opbau vun deem Gebiet?71 DâAkteuren deemools waren de Gouverneur, de President an de Kinnekleche Rot, dâRiichter an dâSchĂ€ffen, mat alle Bierger an Awunner vun der Stad LĂ«tzebuerg. Se handelen an hirem eegenen Numm an am Numm vun hiren Nokommen, am Weiegebiet 1678 zousĂ€tzlech am Numm vum ganze Land. Si erwiele Maria als Gebieterin a Schutzfra. BĂ©id Erwielunge sinn op dâInitiativ vun de LĂ«tzebuerger Jesuiten zrĂ©ckzefĂ©ieren. An der Propose vum P. Alexander Wiltheim un de Provinzialrot vum September 1666 solle Glaf a Fridden Ă«nnert hire Schutz gestallt ginn: Maria soll dâStad an hir Awunner am richtege Glawen a GottesdĂ©ngscht erhalen a virun all feindlechem UgrĂ«ff schĂŒtzen. Et geet dann 2. Rieds vun enger Huldegung (hommage, vĂ©nĂ©ration) un dâTrĂ©ischterin, dĂ©i all Joer ze erneiere wier, en Akt âduerch dee mir selwer Ă€is opafferenâ â woumat eng Iwwereegnung oder Wei gemengt ass (âWie soll sech Hir net schenkenâ, heescht et am spĂ©idere Lidd). Schliisslech bieden se, 3., an allen NĂ©it Ă«nnert de Schutz vu Maria geholl ze ginn. Et sinn also 3 SchrĂ«tt: Maria gĂ«tt erwielt (1.), mer erweisen hir eis Reverenz, eisen dĂ©ifste Respekt (2.) a mer bieden Ă«m hire Schutz (3.). DâHuldegung, dâReverenz, eis VĂ©nĂ©ratioun enthĂ€llt 1666 e Virsaz (dâalljĂ€hrlech Erneierung) an eng Wei (formulĂ©iert mam Terme âsech opafferenâ).
DâErwielungsgebiet vu 1666 a vu 1678 huet di selwecht Struktur an zum Deel deeselwechte Wuertlaut wĂ©i dâWei u Maria vum Hl. Johannes Berchmanns resp. di Formel, mat dĂ€r hien 1615 zu Malines der marianescher SodalitĂ©it, enger op Maria ausgeriichter Vereenegung, bĂ€igetratt ass. DâSodalewei ass also dâVirlag fir dâErwielungsgebieder vu 1666 a 1678. Sech als âservus (DĂ©nger)â mat senger Persoun der Maria als âDomina (Herrin, Gebieterin)â iwwereegnen, dat huet deen eenzelen an der Sodalewei ausgesprach, an dat gĂ«tt elo kollektiv fir Stad a Land LĂ«tzebuerg ausgedrĂ©ckt.
DâErwielung vu 1666 ass vun de politeschen a reliĂ©isen AutoritĂ©iten offiziell getĂ€tegt ginn, vum Vollek Ă«ffentlech bestĂ€tegt an der Nowelt vertrauensvoll iwwerdroe ginn.
I. DâWei un dâMuttergottes â an engem geschichtlechen IwwerblĂ©ck mat senger Relevanz fir haut
Weiegebieder un dâMuttergottes als marianesch FrĂ«mmegkeetsform hunn haut, am Ănnerscheed zu frĂ©ieren ZĂ€iten, net onbedĂ©ngt HĂ©ichkonjunktur. Maache mer eng kuerz Excursioun an dâGeschicht.72
- Ze veranschlagen ass vu vireran dat eelst Muttergottesgebiet, mat deem de bedreete MĂ«nsch sech Ă«nnert hire Schutz flĂŒcht virun de Geforen a BedrĂ€ngnisser vu senger Existenz. Mer kennen et alleguerten a bieden et regelmĂ©isseg, och an dĂ«ser Kierch: âSub tuum praesidium⊠Unter deinen Schutz und SchirmâŠâ De griicheschen Text gouf erĂ«mfonnt op engem Ă€gyptesche Papyrus aus dem 4. Jh. Net fir nĂ€ischt heescht et an der Erwielungsformel vu 1666, an direkter KontinuitĂ©it heizou: âDarum bitten wir dich auf das demĂŒtigste, Du wollest uns unter Deinen Schutz und Schirm nehmen und uns beistehen zur Zeit des Krieges, der Pest und in all unsern Nöten und WiderwĂ€rtigkeiten.â
- Eng eigentlech Virform vun der Mariewei fanne mer och scho ganz frĂ©i an der FrĂ«mmegkeetsgeschicht, wĂ©i vum 3. a 4. Jh. un den Titel Kinnigin (Regina) an Herrin (Domina) gebraucht gĂ«tt fir Maria, respektiv DĂ©nger a Sklav (servus), fir de Gleewegen ze bezeechnen. A grad wĂ©i dâChrĂ«schten am MĂ«ttelalter dâRoll vun der Kinnigin um Kinnekshaff erlieft hunn, esou iwwerdroen se, an der germanescher Virstellungswelt, op Maria dâFirspriecherroll bei hirem Jong, dâKinnigin beim Kinnek.
- Da kĂ«nnt de Brauch op, der Muttergottes Kierchen a KlĂ©ischter ze weien. Et geet also hei Ă«m de sougenannten âPatroziniumâ, wou Maria SchutzpatrĂ©inesch vun enger Kierch oder enger Klouschtergemeinschaft gĂ«tt. Dat bedeit nieft engem Hommage u Maria och eng BezĂ©iung vu Subordinatioun, UntertĂ€negkeet hir vis-Ă -vis, an eng Relatioun vu Schutz vun hir zu Ă€is eriwwer. Eis Kathedral als Muttergotteskierch drĂ©it deem Rechnung. DĂ«st Subordinatiouns- resp. SchutzverhĂ€ltnis fĂ©iert den hl. Kinnek Stephan derzou, Ungarn ugangs vum 11. Jh. dem Patronat vun der Muttergottes ze Ă«nnerstellen. Uerden aus dem HĂ©ichmĂ«ttelalter, dâZisterzienser an dâPrĂ€monstratenser, an och Brudderschaften erwiele Maria als PatrĂ©inesch. 1651 grĂ«nnt jo och eise Pater Brocquart, de BegrĂ«nner vum Consolatrix-Kult zu LĂ«tzebuerg, eng Brudderschaft vun der âTrösterin der BetrĂŒbtenâ. DâDominikaner spĂ«tzen dee Brauch zou, andeems se den Numm vu Maria an hirer GelĂŒbdeformel nennen. Esou wĂ«llen si nieft der Bindung u Gott sech och Maria verschreiwen.
- NĂ€chst Stuf an der EntwĂ©cklung sinn di marianesch Weiegebieder vum 17. Jh. Hei gĂ«tt fir dâĂ©ischte KĂ©ier den Ausdrock âconsecrareâ fir eng Wei u Maria gebraucht, quasi am selwechte SĂ«nn wĂ©i aner Vokabelen, dĂ©i usus waren (se offerre, tradere, commendare, devovere). An de marianesche Kongregatiounen, also Vereenegungen, dĂ©i entstinn â besonnesch duerch dâInitiativ vun de Jesuiten, och zu LĂ«tzebuerg ugangs vum 17. Jh. â, gi Weiegebieder direkt u Maria adressĂ©iert. A grad bei de vun de Jesuiten iniziĂ©ierte marianesche Kongregatiounen oder SodalitĂ©ite sinn zwee Momenter charakteristesch: Sech Maria verschreiwen, doduerch soll engersĂ€its di persĂ©inlech chrĂ«schtlech SelbsterzĂ©iung gefĂ«rdert ginn; anersĂ€its soll nieft dem Striewen no Verinnerlechung och dâApostolat Zil vun der Mariewei sinn. Ugestrieft ginn also souwuel virbildlecht chrĂ«schtlecht Liewen (inwĂ€ndeg an no baussen), wĂ©i och explizit apostolesch AktivitĂ©it an Engagement.
- Op dĂ«ser Plaz leeĂ«n sech AusfĂ©ierungen no iwwert Maria an der SpiritualitĂ©it vum hl. Ignatius a vun de Jesuiten. An deem Kader si jo eis Oktav an och eis Stad- a Landeswei entstanen an ze verstoen; dee âStallgerochâ bleift mat eiser Mariendevotioun heizulands verbonnen.73
Dem Ignatius, GrĂ«nder vum Jesuitenuerden, seng FrĂ«mmegkeet ass christozentresch, also op Christus ausgeriicht. Hien huet keng Wei un dâMuttergottes praktizĂ©iert an och eng sollech net senge Matbridder ugeroden. An dach si seng wichtegst Etappen a spirituell Akten Ă«mmer programmĂ©iert a geschĂ©ien a Presenz vun âNuestra Señoraâ, an dat nach ganz nom ritterlechen Ideal vum MĂ«ttelalter, dat Maria vis-Ă -vis eng grouss LĂ©ift, âMinneâ, opbruecht huet. Maria gĂ«tt gesinn als Mittlerin a soll hĂ«llefen, dâNofolleg vu Christus an och dâLiewen nom Evangelium Ă«mzesetzen.
E puer Generatiounen duerno awer praktizĂ©ieren dâMembere vun der Gesellschaft Jesu an hirem Uerden dâWei u Maria. An si ruffen â esou och zu LĂ«tzebuerg kuerz no der Ouverture vum Stater KollĂ©isch â marianesch SodalitĂ©iten an dâLiewen, d. h. Studentenassociatiounen an aner LaiegruppĂ©ierungen, dĂ©i Ă«nnert dem Schutz vu Maria stinn an eng Wei u Maria Ă«nnert der Bezeechnung âErwielungâ (electio) praktizĂ©ieren. DĂ«st am Kader vun der Pastoral, wĂ©i de Jesuitenuerden se am Herzogtum LĂ«tzebuerg duerchgezunn huet. Zwee Uleies ware mat der Erwielung vu Maria als SchutzpatrĂ©inesch verbonnen: op der SĂ€it vum Antragsteller dâFeststoen am richtege Glawen, am SĂ«nn vu GlawensverdĂ©iwung a Glawensverdeedegung an der Linn vum Konzil vun Trient (1545-1563), an de BĂ€istand, Schutz an HĂ«llef an irdeschen Noutsituatiounen, dee Maria sollt gewĂ€hren. De Wuertlaut vun der Erwielungsformel vu 1666 duerch dâStad LĂ«tzebuerg ass eendĂ€itegerweis iwwerholl vun der Erwielung vu Maria, wĂ©i se an de JesuitesodalitĂ©ite praktizĂ©iert gouf. De Prof. Michel Schmitt schreift: âWas fĂŒr die Jesuiten ein hervorragendes Seelsorgemittel war, geschieht 1666 und 1678 auf breiter Basis und in mehr volksnaher Darstellung fĂŒr Stadt und Herzogtum.â An anere Wierder: De Moule, dâMuster vun den Erwielunge vu 1666 a 1678 fanne mer bei der âelectioâ vu Maria, esou wĂ©i dâJesuite selwer an dâMembere vun hire SodalitĂ©iten se praktizĂ©iert hunn, als eng pastoral Method vu Glawenserneierung. Ăhnlech bei der Brudderschaft vun der âTrösterin der BetrĂŒbtenâ, dĂ©i dâJesuite 1651 an dâLiewe geruff haten, deenen hir Memberen sech ebenfalls der Muttergottes geweit hunn an e Liewen Ă«nnert hirem Schutz an ugeleet duerch hiert Beispill versprach hunn. En plus hunn dâJesuiten am Herzogtum dââChristenlehrbruderschaftenâ verbreet, dĂ©i zesumme mat de Parmissiounen zur Erneierung vum Parliewe bĂ€igedroen hunn, a wou dâMemberen och eng ConsĂ©cratioun un dâMuttergottes virgeholl hunn, dĂ©i se all Joer erneiert hunn.
Mer gesinn also, wĂ©i dat ganzt ErwielungsgeschĂ©ie vu 1666 formal an inhaltlech ganz aus dem Geescht vun der Gesellschaft Jesu an hire pastorale Methoden zu LĂ«tzebuerg eraus entstanen ass an dĂ©i âempreinteâ drĂ©it bis haut. DâFro ass: WĂ©i kĂ«nne mir haut dĂ©i Erwielung vu Maria pastoral notzbar maachen an si an eis Seelsuerg abauen?
Wat ass elo, theologesch gesinn, den Inhalt vun esou engem Erwielungsakt? Maria gĂ«tt als âHerrinâ a âGebieterinâ, als âSchutzfrauâ a âBeschĂŒtzerinâ erwielt. DĂ«...