D'Bibel op Lëtzebuergesch
eBook - ePub

D'Bibel op Lëtzebuergesch

D'Evangelium nom Markus

  1. 88 Seiten
  2. German
  3. ePUB (handyfreundlich)
  4. Über iOS und Android verfügbar
eBook - ePub

Über dieses Buch

"D'Evangelium nom Markus" beinhaltet eine Übersetzung ins Luxemburgische des gesamten Markus-Evangeliums (mit Kapitel- und Versangabe, aber ohne Perikopentitel), ausgehend vom griechischen Referenztext in der Fassung von Nestlé-Aland 28.

Häufig gestellte Fragen

Ja, du kannst dein Abo jederzeit über den Tab Abo in deinen Kontoeinstellungen auf der Perlego-Website kündigen. Dein Abo bleibt bis zum Ende deines aktuellen Abrechnungszeitraums aktiv. Erfahre, wie du dein Abo kündigen kannst.
Derzeit stehen all unsere auf mobile Endgeräte reagierenden ePub-Bücher zum Download über die App zur Verfügung. Die meisten unserer PDFs stehen ebenfalls zum Download bereit; wir arbeiten daran, auch die übrigen PDFs zum Download anzubieten, bei denen dies aktuell noch nicht möglich ist. Weitere Informationen hier.
Perlego bietet zwei Pläne an: Elementar and Erweitert
  • Elementar ist ideal für Lernende und Interessierte, die gerne eine Vielzahl von Themen erkunden. Greife auf die Elementar-Bibliothek mit über 800.000 professionellen Titeln und Bestsellern aus den Bereichen Wirtschaft, Persönlichkeitsentwicklung und Geisteswissenschaften zu. Mit unbegrenzter Lesezeit und Standard-Vorlesefunktion.
  • Erweitert: Perfekt für Fortgeschrittene Studenten und Akademiker, die uneingeschränkten Zugriff benötigen. Schalte über 1,4 Mio. Bücher in Hunderten von Fachgebieten frei. Der Erweitert-Plan enthält außerdem fortgeschrittene Funktionen wie Premium Read Aloud und Research Assistant.
Beide Pläne können monatlich, alle 4 Monate oder jährlich abgerechnet werden.
Wir sind ein Online-Abodienst für Lehrbücher, bei dem du für weniger als den Preis eines einzelnen Buches pro Monat Zugang zu einer ganzen Online-Bibliothek erhältst. Mit über 1 Million Büchern zu über 1.000 verschiedenen Themen haben wir bestimmt alles, was du brauchst! Weitere Informationen hier.
Achte auf das Symbol zum Vorlesen in deinem nächsten Buch, um zu sehen, ob du es dir auch anhören kannst. Bei diesem Tool wird dir Text laut vorgelesen, wobei der Text beim Vorlesen auch grafisch hervorgehoben wird. Du kannst das Vorlesen jederzeit anhalten, beschleunigen und verlangsamen. Weitere Informationen hier.
Ja! Du kannst die Perlego-App sowohl auf iOS- als auch auf Android-Geräten verwenden, um jederzeit und überall zu lesen – sogar offline. Perfekt für den Weg zur Arbeit oder wenn du unterwegs bist.
Bitte beachte, dass wir keine Geräte unterstützen können, die mit iOS 13 oder Android 7 oder früheren Versionen laufen. Lerne mehr über die Nutzung der App.
Ja, du hast Zugang zu D'Bibel op Lëtzebuergesch von Erzbistum Luxemburg Arbeitsgruppe "Übersetzung der Bibel ins Luxemburgische" (Hrsg.) im PDF- und/oder ePub-Format sowie zu anderen beliebten Büchern aus Theologie & Religion & Religion. Aus unserem Katalog stehen dir über 1 Million Bücher zur Verfügung.

Information

Jahr
2018
ISBN drucken
9783744885867
eBook-ISBN:
9783748170594

D’Evangelium nom Markus

1 1 Ufank vum Evangelium5 vum Jesus Christus, dem Herrgott sengem Jong.
2 Esou wéi beim Prophéit Isaias geschriwwe steet
– Kuck, ech schécke mäi Buet virun dir hier:
Hie bereet däi Wee vir.
3 Eng Stëmm rifft an der Wüüst:
Maacht dem Här säi Wee prett,
maacht seng Pied grued 6
4 esou ass de Johannes den Deefer an der Wüüst opgetratt, an hien huet eng Daf vun der Ëmkéier verkënnegt, fir datt d’Sënnen nogelooss géifen. 5 D’ganzt Land Judäa an och all d’Awunner vu Jerusalem hunn sech op de Wee gemaach a si bei hie gaang; si hunn sech vun him am Jordan deefe gelooss, an dobäi hunn si hir Sënnen agestan. 6 De Johannes hat e Kaméilspelz un an e lieder Rimm ëm d’Hëffen, an hien huet vun Heesprénger a wëllem Hunneg gelieft.
7 Hien huet verkënnegt: „No mir kënnt een, dee méi staark ass wéi ech; ech sinn et net wäert, mech ze bécken an d’Stréckele vun senge Sandale lasszemaachen. 8 Ech hunn iech mat Waasser gedeeft, hien awer deeft iech mat hellegem Geescht.“
9 Déi Zäit koum de Jesus vun Nazareth a Galiläa erfort, an hie gouf vum Johannes am Jordan gedeeft. 10 Soubal wéi hien aus dem Waasser eropkomm ass, huet hie gesinn, wéi den Himmel opgerappt ginn ass an de Geescht wéi eng Dauf op hien erofkomm ass. 11 An eng Stëmm koum aus dem Himmel: „Du bass mäi Jong, an ech hunn dech gär; du stees a menger Gonscht!“
12 Gläich drop huet de Geescht de Jesus an d’Wüüst gedriwwen. 13 40 Deeg laang gouf hien do vum Satan op d’Prouf gestallt. Hien huet bei de wëllen Déiere gelieft, an d’Engelen hunn him gedéngt.
14 Nodeems de Johannes ausgeliwwert gi war, ass de Jesus hannescht a Galiläa gaang; do huet hien dem Herrgott säin Evangelium verkënnegt. 15 Hie sot: „D’Zäit ass do, dem Herrgott säi Räich ass um Kommen. Denkt ëm a gleeft un d’Evangelium!“
16 Wéi hien du laanscht de Séi vu Galiläa goung, huet hien de Simon an deem säi Brudder, den Andreas, gesinn, wéi si d’Netz am Séi ausgehäit hunn; si waren nämlech Fëscher. 17 Du sot de Jesus zu hinnen: „Kommt mir no! Ech maachen aus iech Mënschefëscher.“ 18 An direkt hunn si hir Netzer leie gelooss a sinn him nogaang. 19 Wéi hien e Stéck virugoung, huet hien dem Zebedäus säi Jong, de Jakobus, an deem säi Brudder, de Johannes, gesinn; si waren am Naachen amgaang, hir Netzer an d’Rei ze maachen. 20 Gaangs huet hien si geruff, an dunn hunn si hire Papp, den Zebedäus, bei den Doléiner am Naachen zréckgelooss a gounge fort, dem Jesus no.
21 Si goungen a Kapharnaum eran, a gläich deen nächste Sabbat ass de Jesus an d’Synagog gaang an huet d’Leit geléiert. 22 Si waren ausser sech iwwer seng Léier, well hien huet si geléiert wéi een, deen Autoritéit huet, an net wéi d’Schrëftgeléiert.
23 Grad du war an hirer Synagog een, dee vun engem onrenge Geescht besiess war. Hien huet ugefaang ze jäizen: 24 „Wat hu mir mat dir ze doen, Jesus vun Nazareth? Bass du komm, fir äis ze zerstéieren? Ech weess, wien s du bass: den Hellegen, dee vum Herrgott kënnt!“ 25 Dunn huet de Jesus him gedreet: „Sief roueg a fuer aus deem Mënsch do eraus!“ 26 Dueropshin huet deen onrenge Geescht dee Besiessenen hin an hier gerappt, huet haart gejaut an ass aus him erausgefuer. 27 Doriwwer waren d’Leit alleguer erféiert, an si hunn een deen anere gefrot: „Wat ass dat do? – Eng nei Léier, a mat wat fir enger Autoritéit! An hie gëtt esouguer deenen onrenge Geeschter en Uerder, an si follegen him!“ 28 An säi Ruff huet sech gaangs a ganz Galiläa verbreet.
29 Soubal si aus der Synagog erauskomm waren, sinn si mat dem Jakobus an dem Johannes an d’Haus vum Simon a vum Andreas gaang. 30 Do louch dem Simon seng Schwéiermamm mat Féiwer am Bett. Si hunn dem Jesus gläich vun hir erzielt. 31 Dueropshin ass hie bei d’Fra gaang, huet si mat der Hand geholl an huet si opgeriicht. D’Féiwer ass vun hir gewach, an si huet si bedéngt.
32 Wéi et awer Owend gouf – d’Sonn war schonn ënnergaang –, hunn d’Leit all déi bei hie bruecht, déi krank a vun Dämone besiess waren. 33 D’ganz Stad war virun der Dier versammelt. 34 De Jesus huet der vill geheelt, déi allméiglech Krankheeten haten, an hien huet vill Dämonen ausgedriwwen. Dobäi huet hien d’Dämonen awer net zu Wuert komme gelooss, well si woussten, wien hie war.
35 An aller Fréi – et war nach däischter – ass hien opgestan, ass fortgaang an huet sech eng ofgeleeë Plaz gesicht; do huet hie gebiet. 36 De Simon an déi, déi bei him waren, sinn him nogaang, 37 a wéi si hie fonnt haten, soten si zu him: „Si sichen dech alleguer.“ 38 Du sot hien zu hinnen: „Loosse mer anzwousch anescht higoen, an d’Dierfer hei ronderëm, fir datt ech och do [d’Evangelium] verkënnege kann; duerfir sinn ech jo fortgaang.“
39 An hien ass duerch ganz Galiläa gaang, huet an hire Synagogen [d’Evangelium] verkënnegt an huet d’Dämonen ausgedriwwen. 40 Dunn ass en Aussätzegen op de Jesus duerkomm an huet hien ëm Hëllef gebieden. Hien ass virun him op d’Knéie gefall a sot: „Wann s du wëlls, kanns du maachen, datt ech reng ginn7.“ 41 De Jesus, deem et am Häerz wéigedoen huet fir de Mann, huet d’Hand ausgestreckt, huet deen Aussätzege beréiert a sot zu him: „Ech wëll: Gëff reng!“ 42 Am selwechten Ament ass den Aussaz vum Mann gewach, an hie war reng. 43 De Jesus huet hien direkt fortgeschéckt an him ausdrécklech un d’Häerz geluecht: 44 „Maach, datt s du kengem eppes sees, ma géi, weis dech dem Priister an affer fir deng Rengegung dat, wat de Moses virgeschriwwen huet, als Zeegnes fir si!“ 45 De Mann awer ass fortgaang an huet ugefaang, Jann a Mann z’erzielen, wat geschitt war, an d’Noriicht dovun dorëmmer ze verbreeden. Esou konnt de Jesus sech net méi an enger Stad weisen, an hien huet sech nëmme méi dobaussen op ofgeleeëne Plazen opgehal. An dach koumen d’Leit vun iwwerall hier bei hien.
2 1 E puer Deeg drop ass de Jesus nees op Kapharnaum komm. Dunn hunn d’Leit héieren, datt hien do an engem Haus war. 2 Et sinn esouvill Leit zesummekomm, datt keng Plaz méi war, esouguer net virun der Dier, an hien huet hinnen d’Wuert verkënnegt. 3 Du sinn der komm, déi e Gelähmte bei de Jesus bruecht hunn. Si waren zu hirer véier, fir de Mann ze droen. 4 Well si dee Gelähmte wéinst deene sëllege Leit net bis bei hie brénge konnten, hunn si do, wou de Jesus war, den Daach ofgedeckt an e Lach dra gemaach, fir d’Brëtsch mat deem Gelähmten erofzeloossen. 5 Wéi de Jesus hire Glaf gesinn huet, sot hien zu deem Gelähmten: „Kand, deng Sënne sinn dir nogelooss!“ 6 Elo souzen der awer en etlech vun de Schrëftgeléierten do, déi an hirem Häerz geduecht hunn: 7 „Wat geet deen do un, esou ze schwätzen?! Hie lästert den Herrgott! Wie kann da Sënnen noloossen, wann net den Herrgott eleng?!“ 8 De Jesus, dee gläich an sengem Geescht erkannt hat, datt si esou bei sech geduecht hunn, sot zu hinnen: „Firwat denkt dir esou eppes an ärem Häerz? 9 Wat ass da méi liicht: zu deem Gelähmten ze soen: ‚Deng Sënne sinn dir nogelooss!‘, oder ze soen: ‚Stéi op, huel deng Brëtsch a géi!‘? 10 Dir sollt awer wëssen, datt de Mënschejong Muecht huet, op der Äerd Sënnen nozeloossen.“ An hie sot zu deem Gelähmten: 11 „Ech soen dir: Stéi op, huel deng Brëtsch a géi heem!“ 12 Dunn ass dee Gelähmten opgestan, huet eenzock seng Brëtsch geholl an ass bei hinnen zou erausgaang, esou datt d’Leit alleguer ausser sech waren. Si hunn den Herrgott gelueft a soten: „Esou eppes hu mir nach ni gesinn!“
13 Dunn ass de Jesus nees eraus bei de Séi gaang, an déi sëllege Leit si bei hie komm, an hien huet si geléiert. 14 Wéi hien do laanschtgaang ass, huet hien de Levi, dem Alphäus säi Jong, beim Oktroishaische sëtze gesinn a sot zu him: „Komm mir no!“ Dunn ass de Mann opgestan an ass him nogaang.
15 A wéi de Jesus am Levi sengem Haus war, hunn sech vill Steierandreiwer a Sënner mat him an senge Jünger un den Dësch gesat; et sinn der nämlech vill him nogaang. 16 De Pharisäer hir Schrëftgeléiert, déi gesinn hunn, wéi hien zesumme mat de Sënner an de Steierandreiwer giess huet, soten zu senge Jünger: „Firwat ësst hie mat de Steierandreiwer an de Sënner?“ 17 Ma de Jesus huet et héieren a sot zu hinnen: „Et sinn net déi Gesond, déi en Dokter brauchen, ma déi Krank. Ech sinn net komm, fir déi Gerecht ze ruffen, ma d’Sënner.“
18 Dem Johannes seng Jünger an d’Pharisäer hu gefaascht. Du koumen der a soten zum Jesus: „Firwat faaschten dem Johannes seng Jünger an de Pharisäer hir Jünger, ma deng Jünger, déi faaschten net?“ 19 De Jesus sot zu hinnen: „Kënnen dann éiren d’Hochzäitsgäscht faaschten, soulaang wéi de Bräitchemann bei hinnen ass? Soulaang wéi si de Bräitchemann bei sech hunn, kënnen si net faaschten. 20 Ma den Dag kënnt, wou de Bräitchemann vun hinnen ewechgeholl gëtt; deen Dag, da faaschten si. 21 ’t gëtt keen, deen e Stéck ongewallekte Stoff op en ale Mantel bitze géif; soss rappt d’Fléck sech dervu lass, dat Neit vum Alen, an de Rass gëtt nach méi uerg. 22 ’t gëtt och keen, deen neie Wäin an al Schläich schëdde géif; soss deet de Wäin d’Schläich platzen, an esouwuel de Wäi wéi och d’Schläich gi futti. Villméi gehéiert neie Wäin an nei Schläich!“
23 An et huet sech esou fonnt, datt de Jesus op engem Sabbat duerch d’Karstécker gaang ass. Ënnerwee hunn seng Jünger ugefaang, Éien ofzerappen. 24 Du soten d’Pharisäer zu him: „Kuck dach nëmmen, firwat maachen si eppes, wat um Sabbat net erlaabt ass?“ 25 Dunn huet hien hinne geäntwert: „Hutt dir nach ni gelies, wat den David gemaach huet, wéi hien näischt hat an hongereg war, hien an déi, déi bei him waren, 26 a wéi hien dunn an dem Herrgott säin Haus gaang ass – et war zur Zäit vum Hohepriister Abjatar – an dat geweitent Brout giess huet, obschonns ausser de Priister keen et huet däerfen iessen, a wé...

Inhaltsverzeichnis

  1. Inhaltsverzeichnis
  2. E Wuert mat op de Wee: Mgr. Jean-Claude Hollerich SJ
  3. Eng kuerz Aféierung: Fränz Biver-Pettinger
  4. D’Evangelium nom Markus
  5. Weitere Informationen
  6. Impressum