D' Bibel op Lëtzebuergesch - D' Evangelium nom Johannes
eBook - ePub

D' Bibel op Lëtzebuergesch - D' Evangelium nom Johannes

  1. 100 Seiten
  2. German
  3. ePUB (handyfreundlich)
  4. Über iOS und Android verfügbar
eBook - ePub

D' Bibel op Lëtzebuergesch - D' Evangelium nom Johannes

Über dieses Buch

"D' Evangelium nom Johannes" beinhaltet eine Übersetzung ins Luxemburgische des gesamten Johannes-Evangeliums (mit Kapitel- und Versangabe, aber ohne Perikopentitel), ausgehend vom griechischen Referenztext in der Fassung von Nestlé-Aland 28.

Häufig gestellte Fragen

Ja, du kannst dein Abo jederzeit über den Tab Abo in deinen Kontoeinstellungen auf der Perlego-Website kündigen. Dein Abo bleibt bis zum Ende deines aktuellen Abrechnungszeitraums aktiv. Erfahre, wie du dein Abo kündigen kannst.
Derzeit stehen all unsere auf mobile Endgeräte reagierenden ePub-Bücher zum Download über die App zur Verfügung. Die meisten unserer PDFs stehen ebenfalls zum Download bereit; wir arbeiten daran, auch die übrigen PDFs zum Download anzubieten, bei denen dies aktuell noch nicht möglich ist. Weitere Informationen hier.
Perlego bietet zwei Pläne an: Elementar and Erweitert
  • Elementar ist ideal für Lernende und Interessierte, die gerne eine Vielzahl von Themen erkunden. Greife auf die Elementar-Bibliothek mit über 800.000 professionellen Titeln und Bestsellern aus den Bereichen Wirtschaft, Persönlichkeitsentwicklung und Geisteswissenschaften zu. Mit unbegrenzter Lesezeit und Standard-Vorlesefunktion.
  • Erweitert: Perfekt für Fortgeschrittene Studenten und Akademiker, die uneingeschränkten Zugriff benötigen. Schalte über 1,4 Mio. Bücher in Hunderten von Fachgebieten frei. Der Erweitert-Plan enthält außerdem fortgeschrittene Funktionen wie Premium Read Aloud und Research Assistant.
Beide Pläne können monatlich, alle 4 Monate oder jährlich abgerechnet werden.
Wir sind ein Online-Abodienst für Lehrbücher, bei dem du für weniger als den Preis eines einzelnen Buches pro Monat Zugang zu einer ganzen Online-Bibliothek erhältst. Mit über 1 Million Büchern zu über 1.000 verschiedenen Themen haben wir bestimmt alles, was du brauchst! Weitere Informationen hier.
Achte auf das Symbol zum Vorlesen in deinem nächsten Buch, um zu sehen, ob du es dir auch anhören kannst. Bei diesem Tool wird dir Text laut vorgelesen, wobei der Text beim Vorlesen auch grafisch hervorgehoben wird. Du kannst das Vorlesen jederzeit anhalten, beschleunigen und verlangsamen. Weitere Informationen hier.
Ja! Du kannst die Perlego-App sowohl auf iOS- als auch auf Android-Geräten verwenden, um jederzeit und überall zu lesen – sogar offline. Perfekt für den Weg zur Arbeit oder wenn du unterwegs bist.
Bitte beachte, dass wir keine Geräte unterstützen können, die mit iOS 13 oder Android 7 oder früheren Versionen laufen. Lerne mehr über die Nutzung der App.
Ja, du hast Zugang zu D' Bibel op Lëtzebuergesch - D' Evangelium nom Johannes von Erzbistum Luxemburg Arbeitsgruppe "Übersetzung der Bibel ins Luxemburgische" im PDF- und/oder ePub-Format sowie zu anderen beliebten Büchern aus Theology & Religion & Religion. Aus unserem Katalog stehen dir über 1 Million Bücher zur Verfügung.

Information

Jahr
2018
ISBN drucken
9783752815177
eBook-ISBN:
9783752818246

D’Evangelium nom Johannes

1 1 Am Ufank war d’Wuert, an d’Wuert war bei Gott, a Gott war d’Wuert.
2 Am Ufank war et bei Gott.
3 Alles ass duerch et entstan, an ouni d’Wuert ass och net eppes entstan vun deem, wat entstan ass.
4 An him war d’Liewen, an d’Liewe war d’Liicht fir d’Mënschen,
5 an d’Liicht schéngt an der Däischtert, an d’Däischtert huet et net ugeholl.
6 Do war e Mënsch, dee vum Herrgott geschéckt gouf; hien huet Johannes geheescht. 7 Hie koum als Zeien, fir Zeegnes vum Liicht ze ginn, fir datt se all duerch hie gleewe sollten. 8 Hie selwer war net d’Liicht, ma hie sollt Zeegnes vum Liicht ginn.
9 Dat wierklecht Liicht, dat jidder Mënsch mat Liicht erfëllt, koum an d’Welt.
10 Et war an der Welt, an d’Welt ass duerch et entstan, an d’Welt huet et net erkannt.
11 Et ass an säin Eegentum komm, an seng eege Leit hunn et net opgeholl.
12 Ma all deenen, déi et opgeholl hunn, huet et d’Recht ginn, Kanner vu Gott ze ginn – dat sinn déi, déi un säin Numm gleewen.
13 Si si weder aus Blutt, nach aus dem Wëll vum Fleesch, nach aus deem vun engem Mann gebuer, ma aus Gott.
14 An d’Wuert ass Fleesch ginn, an et huet säin Zelt ënner äis opgeschloen, a mir hunn seng Herrlechkeet gesinn, d’Herrlechkeet vun deem, deen eenzeg an eleng aus dem Papp gebuer ass, voll vu Gnod a Wourecht.
15 De Johannes gëtt Zeegnes vun him. Hien huet geruff: „Deen heite war et, vun deem ech gesot hunn: Deen, deen no mir kënnt, ass mir viraus, well hie viru mir war.“ 16 Well aus sengem Volltëm hu mir alleguer kritt, Gnod iwwer Gnod. 17 D’Gesetz gouf nämlech duerch de Moses ginn, d’Gnod an d’Wourecht sinn duerch de Jesus, de Christus, entstan. 18 Et huet nach kee jeemools den Herrgott gesinn. Deen, deen eenzeg an eleng [aus dem Papp] gebuer ass – hien ass Gott –, an deen am Schouss vum Papp ass, hien huet äis vun him erzielt.
19 Dat hei ass d’Zeegnes, dat de Johannes ginn huet, wéi d’Judde vu Jerusalem Priister a Levite bei hie geschéckt hunn, fir hien ze froen: „Wie bass du?“ 20 Hien huet bekannt an et net geleegent, an zwar huet hie bekannt: „Ech sinn net de Christus.“ 21 Dunn hunn si hie gefrot: „Wat dann? Bass du den Elias?“ Hie sot: „Neen, dee sinn ech net.“ – „Bass du de Prophéit?“ Hien huet geäntwert: „Neen.“ 22 Dueropshi soten si zu him: „Wie bass du dann? Mir mussen deenen, déi äis geschéckt hunn, eng Äntwert ginn. Wat sees du vun dir selwer?“ 23 De Johannes sot: „Ech sinn eng Stëmm, déi an der Wüüst rifft: Maacht dem Här säi Wee grued! 3, esou wéi de Prophéit Isaias gesot huet.“
24 Et waren och Pharisäer dohi geschéckt ginn. 25 Si hunn hie gefrot: „Firwat deefs du dann, wann s du weder de Christus nach den Elias nach de Prophéit bass?“ 26 Dunn huet de Johannes hinne geäntwert: „Ech deefe mat Waasser, ma matzen ënner iech steet een, deen dir net kennt. 27 Et ass hien, deen no mir kënnt. Ech sinn et net wäert, him seng Schongstréckele lasszemaachen.“ 28 Dat hei ass a Bethanien geschitt, déisäit vum Jordan, wou de Johannes gedeeft huet.
29 Deen Dag drop huet de Johannes de Jesus op sech duerkomme gesinn a sot: „Kuckt, d’Lamm Gottes, dat d’Sënne vun der Welt ewechhëlt! 30 Deen heiten ass et, vun deem ech gesot hunn: No mir kënnt een, dee mir viraus ass, well hie viru mir war. 31 Ech hunn hien net kannt, ma fir datt hien Israel bekannt gemaach géif ginn, dowéinst sinn ech komm an deefe mat Waasser.“ 32 An de Johannes huet bezeit: „Ech hunn de Geescht gesinn erofkomme wéi eng Dauf vum Himmel, an en ass op him bliwwen. 33 Ech hunn hien net kannt, ma deen, dee mech geschéckt huet, fir mat Waasser ze deefen, huet mir gesot: ‚Deejéinegen, op deen s du de Geescht erofkomme gesäis an op deem e bleift, deen ass et, dee mat hellegem Geescht deeft.‘ 34 Ech hunn dat gesinn, an ech bezeien: Hien ass dem Herrgott säi Jong.“
35 Deen Dag drop stoung de Johannes nees do mat zwéi vun senge Jünger. 36 Hien huet op de Jesus gekuckt, dee laanschtgoung, a sot: „Kuckt, d’Lamm Gottes!“ 37 Nodeems dem Johannes seng zwéi Jünger héieren haten, wat hie gesot hat, sinn si dem Jesus nogaang. 38 Wéi de Jesus sech ëmgedréit a gesinn huet, datt si him nokoumen, huet hien si gefrot: „Wat sicht dir?“ Du soten si zu him: „Rabbi“ – dat heescht iwwersat: Meeschter –, „wou wunns du?“ 39 Hie sot zu hinnen: „Kommt a kuckt!“ Si sinn also dohi gaang an hu gesinn, wou hie gewunnt huet, an si sinn deen Dag bei him bliwwen; et war ëm déi zéngt Stonn. 40 Den Andreas, dem Simon Péitrus säi Brudder, war ee vun deenen zwéin, déi dem Johannes nogelauschtert haten an déi dem Jesus du nogaang waren.
41 Hien ass fir d’éischt sengem Brudder Simon begéint a sot zu him: „Mir hunn de Messias“ – dat heescht iwwersat: de Christus – „fonnt!“ 42 Dunn huet hien de Simon bei de Jesus gefouert. De Jesus huet de Simon bekuckt a sot: „Du bass de Simon, dem Johannes säi Jong; du solls Kephas“ – dat heescht iwwersat: Péitrus [Fiels]4 – „genannt ginn!“
43 Deen Dag drop wollt de Jesus fort a Galiläa goen. Dunn ass hien dem Philippus begéint, an hie sot zu him: „Komm mir no!“ 44 De Philippus war vu Bethsaida, dat och dem Andreas an dem Péitrus hir Stad war. 45 Wéi de Philippus dem Nathanael begéint ass, sot hien zu him: „Mir hunn dee fonnt, iwwer deen de Moses am Gesetz geschriwwen huet, an iwwer deen och d’Prophéite geschriwwen hunn: de Jesus, dem Jouseph säi Jong, vun Nazareth.“ 46 Den Nathanael huet hie gefrot: „Kann da vun Nazareth eppes Guddes kommen?“ Du sot de Philippus zu him: „Komm a kuck!“ 47 Wéi de Jesus den Nathanael op sech duerkomme gesinn huet, sot hien iwwer hien: „Kuck, hei ass wierklech en Israelit – et ass näischt Falsches un him!“ 48 Den Nathanael huet hie gefrot: „Wouhier kenns du mech?“ De Jesus huet him geäntwert: „Éier de Philippus dech geruff huet, hat ech dech schonn ënner dem Figebam gesinn.“ 49 Du sot den Nathanael: „Rabbi, du bass dem Herrgott säi Jong, du bass de Kinnek vun Israel.“ 50 De Jesus sot zu him: „Gleefs du, well ech dir gesot hunn, ech hätt dech ënner dem Figebam gesinn? Abee, du gesäis nach méi Grousses wéi dat!“ 51 An hie sot zu him: „Amen, amen, ech soen iech: Dir gesitt den Himmel, deen op ass, an iwwer dem Mënschejong dem Herrgott seng Engelen, déi op- an ofklammen!“
2 1 Deen drëtten Dag war eng Hochzäit zu Kana a Galiläa, an dem Jesus seng Mamm war drop. 2 Och de Jesus an seng Jünger waren op d’Hochzäit geruff ginn. 3 Wéi kee Wäi méi do war, sot dem Jesus seng Mamm zu him: „Si hu kee Wäi méi!“ 4 Du sot de Jesus zu hir: „Wat hunn ech mat dir ze doen, Fra? Meng Stonn ass nach net komm.“ 5 Seng Mamm sot zu den Dénger: „Maacht dat, wat hien iech seet!“ 6 Et stounge sechs stenge Waasserkréi do, wéi d’Judden se fir hir [rituell] Rengegunge geholl hunn. A jidder Krou goungen zwou bis dräi Metreten5. 7 De Jesus sot zu den Dénger: „Fëllt d’Kréi mat Waasser!“ Dunn hunn si se bis uewenhi gefëllt. 8 Dueropshi sot de Jesus zu hinnen: „Schäfft elo eraus an drot deem et, deen sech ëm d’Iessen an d’Gedrénks këmmert!“ Dat hunn si gemaach. 9 Nodeems de Mann, dee fir d’Gedrénks zoustänneg war, d’Waasser geschmaacht hat, dat Wäi gi war – hie wousst net, wou de Wäin hierkoum, ma d’Dénger, déi d’Waasser geschäfft haten, woussten et –, huet hien de Bräitchemann geruff 10 an zu him gesot: „All Mënsch setzt fir d’éischt dee gudde Wäin dohinner, an eréischt herno, wann d’Leit es vëllege gedronk hunn, dee manner gudden. Du awer hues dee gudde Wäi bis elo versuergt!“
11 Dat hei huet de Jesus zu Kana a Galiläa gemaach als Ufank vun sengen Zeechen. Esou huet hien seng Herrlechkeet gewisen, an seng Jünger hunn un hie gegleeft.
12 Duerno ass hie mat senger Mamm, senge Bridder an senge Jünger erof op Kapharnaum gaang, ma si sinn net laang do bliwwen.
13 Well de Judden hiert Pessach-Fest nobäi war, ass de Jesus op Jerusalem eropgaang.
14 Am Tempel huet hien d’Véihändler fonnt, déi Ranner, Schof an Dauwe verkaaft hunn, an d’Geldwiessler, déi do souzen. 15 Dunn huet hien aus Strécker eng Gäissel gemaach an si alleguer aus dem Tempel erausgedriwwen, d’Schof esougutt wéi d’Ranner. De Geldwiessler hir Suen huet hien ausgeschott an hir Dëscher ëmgehäit, 16 an zu deenen, déi d’Dauwe verkaaft hunn, sot hien: „Kuckt, datt dat hei alles ewechkënnt! Haalt op, aus mengem Papp sengem Haus e Joermaart ze maachen!“ 17 Seng Jünger hunn sech drun erënnert, datt geschriwwe steet: Den Äifer fir däin Haus frësst mech op.6
18 Dunn hunn d’Judden hien zur Ried gestallt a soten: „Wat fir en Zeeche gëss du äis, fir ze weisen, datt s du dat do maachen däerfs?“ 19 De Jesus huet hinne geäntwert: „Rappt dësen Tempel of, an an dräi Deeg riichten ech en nees op!“ 20 Dueropshi soten d’Judden: „46 Joer laang gouf un dësem Tempel gebaut, an du wëlls en an dräi Deeg opriichten?“ 21 Hien awer huet vum Tempel vun sengem Läif geschwat. 22 Wéi hien herno aus dem Doud erwächt gi war, hunn seng Jünger sech drun erënnert, datt hien dëst gesot hat, an si hunn der Schrëft an dem Jesus sengem Wuert gegleeft.
23 Wéi de Jesus um Pessach-Fest zu Jerusalem war, hunn der vill d’Zeeche gesinn, déi hie gemaach huet, an si hunn un säin Numm gegleeft. 24 De Jesus selwer awer huet sech hinnen net uvertraut, well hien si alleguer kannt huet, 25 an hien hat et och net néideg, datt een him géif iwwer d’Mënsche Bescheed soen7: Hien hat nämlech erkannt, wat am Mënsch bannendran ass.
3 1 Ënner de Pharisäer war e Mann, deen Nikodemus geheescht huet, ee vun de Judden hiren Ieweschten. 2 Hien ass eng Kéier nuets bei de Jesus komm a sot zu him: „Rabbi, mir wëssen, datt s du e Léiermeeschter bass, dee vum Herrgott kënnt. Et kann nämlech keen déi Zeeche maachen, déi s du méchs, wann den Herrgott net mat him ass.“ 3 De Jesus huet him geäntwert: „Amen, amen, ech soen dir: Wien net vun uewe gebuer gëtt, dee kann dem Herrgott säi Räich net gesinn.“ 4 Du sot den Nikodemus zu him: „Wéi kann e Mënsch gebuer ginn, dee schonn al ass? Kann hien dann éieren eng zweete Kéier an senger Mamm hire Schouss eragoen, fir gebuer ze ginn?“ 5 De Jesus huet geäntwert: „Amen, amen, ech soen dir: Wien net aus Waasser a Geescht gebuer gëtt, dee kann net an dem Herrgott säi Räich eragoen. 6 Dat, wat aus dem Fleesch gebuer ass, ass Fleesch, an dat, wat aus dem Geescht gebuer ass, ass Geescht. 7 Wonner dech net, datt ech dir gesot hunn: ,Dir musst vun uewe gebuer ginn.‘ 8 De Wand bléist, wou e wëllt, an du héiers seng Stëmm, ma du weess net, wou en hierkënnt a wuer en higeet. Gradesou ass et mat jidderengem, deen aus dem Geescht gebuer ass.“ 9 Den Nikodemus huet hie gefrot: „Wéi kann dat geschéien?“ 10 De Jesus huet him geäntwert: „Du bass de Léiermeeschter vun Israel an du verstees dat net? 11 Amen, amen, ech soen dir: Mir schwätze vun deem, wat mir kennen, a mir bezeien dat, wat mir gesinn hunn, ma dir huelt eist Zeegnes net un. 12 Wann ech iech vun den ierdesche Saache schwätzen an dir gleeft net, wéi kënnt dir da gleewen, wann ech iech vun den himmlesche Saache schwätzen? 13 Et ass keen an den Himmel eropgaang, nëmme just deejéinegen, deen aus dem Himmel erofkomm ass, de Mënschejong. 14 Esou wéi de Moses d’Schlaang an der Wüüst erhéicht huet, esou muss och de Mënschejong erhéicht ginn, 15 fir datt jiddereen, dee gleeft, an him éiwe...

Inhaltsverzeichnis

  1. Inhaltsverzeichnis
  2. E Wuert mat op de Wee: Mgr. Jean-Claude Hollerich SJ
  3. Eng kuerz Aféierung: Fränz Biver-Pettinger
  4. D’Evangelium nom Johannes
  5. Impressum